Diskussioun:Zweete Weltkrich

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Vast, nach méi vast, Zweete Weltkrich[Quelltext änneren]

Well den 2WK esou e megavast Thema ass, waat onméiglech openg Säit passt, hunn ech e puer Iddien zur Spléckung vum Monstrum:

  • eenzelnen Artikel zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
  • eenzelnen Artikel zum Holokaust
  • eenzel Artikel zu de wichtege Schluechten (zB een fir d'Ardennenoffensiv, ee fir Schluecht vu Bir Hakeim etc. D'Schluechten an d'Offensiven sollen natirlech am Artikel hei ernimmt ginn, mee de groussen Developpement ging ech eenzel maachen well soss gëtt den Artikel eendeiteg ze grouss. Daat ass esou zimmlech de selwechte Fall wéi bei eise Lännerartikelen, wou ee jo onméiglech d'ganz Geschicht vum Land kann hischreiwen mee nëmmen e Resumé deen en Hinweis op den "décke-Batz"-Artikel gëtt.
  • des weideren déi eenzel Artikel déi mer grad virdru spontan agefall sinn, an déi bei den "Interne Links" emol stinn, quitt datt se nach roud sinn.

Ech denken opallefall datt den Zweete Weltkrich e gehierlose Projet ass, wou et bestëmmt flott wir, wa mer all zesummen dru schaffen (no mengen Exame versteet sech).

Ech warden op weider Pefferkären :-)

--Briséis 23:32, 31 Jan 2005 (UTC)

Puuhhh, do hues de der jo eng Sisyphusaarbecht erausgesicht, all Respekt. Ech hun zwar zimmlech vill Literatur iwwert den 2. Weltkrich (zB och dem Churchill säi Schmöker), mee do misst ech mol wierklech nach dohannert goen wann ech zum Artikel eppes well bäidroen. Mol kucken ... Myriam 15:52, 23 September 2005 (UTC)

Vast, mee iwwersiichtlech[Quelltext änneren]

Et muss (héiert sech scho gutt un) méiglech sinn, dat Phänomen an engem Artikel ze präsentéieren. Ech erkläre mech:

  • Et soll een Artikel ginn (deen bei deem mer lo déi grouss Strukturen erkenne kënnen), deen déi grouss Iwwersiicht bidde soll.
  • Wat huet an deem Artikel prinzipiell näischt verluer?
    • Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich. Well Lëtzebuerg "absolut gesinn" ausser der Ardenneroffensiv keng sou eng grouss Roll spillt. "Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich" soll natierlech en eegene Block ginn. Mee, Eent no deem Aneren.
    • D'Shoah. Den Artikel soll d'Krichshandlungen (strateegesch an taktesch)iwwerblécken. D'Shoah soll natierlech och en eegenen Basisartikel mat Satelliten-Artikele kréien.
    • Eenzel Figuren: Déi wichteg (Churchill, ..) solle selbstverständlech en eegenen Artikel kréien. Mee och déi "manner" wichteg (Schellenberg, ...) solle selbstverständlech alleguer (!!) an engem eegene Kapitel behandelt ginn.
    • Eenzel Militäroperatiounen idem.
  • Nach eng Kéier: Et muss een Artikel ginn, deen dem Lieser eng "Iwwersiicht" muss ginn iwwer dat Ganzt. (Mat den ernimmten Ausnahmen a wéi schon ugedeit dem Pazifikkrich, dee sech relativ einfach ofsplécke léisst an de "Mammenartikel" zum Platze géing bréngen.
  • Et läit op der Hand, datt dee Basisartikel gutt opgebaut muss sinn, well dat jo den "Ausgangspunkt" ass, a vun deem vill Links an all Richtunge wäerte féieren.
  • Duerch déi Honnerten Artikelen, vun deenen déi meeschte sollen direkt um Basisartikel "hänken", lossen sech dann déi "Satelliten-Artikelen" gutt a praktesch vu Villen onofhängeg schreiwen a spéider poléieren.
  • Eng ganz gutt Iddi ass schon d'Lëscht vun de Protagonisten (well mer am Basisartikel jo net mat Nimm erëmgeheie wëllen.
  • Mat der Zäit wäerte nach vill Lëschten dobäikommen. (... vun de Waffesystemer, ...).
  • E wichtegt Uleies: Et ass ABSOLUT wichteg, dat an de Satelliten-Artikelen méiglechst d'Quellen ernimmt musse ginn, soss hu mer dee Problem, mat deem sech aner Wikien erëmbalegen, nämlech "Behaaptungen", déi sech no an no net beleeë lossen, "Zitater", déi kee Mënsch jemols gesot oder geschriwwen huet, "Erfindungen", déi sech séier opstelle loossen, mee kaum nozepréiwe sinn ..... Nach eppes: Jiddereen soll Eenzelheete léiwer nopréiwen amplaz se aus den Nopeschwikien z'iwwerhuelen, well "Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser", dat huet jo schon de Lenin gesot, .... oder net?!?
  • Mär kréien dat scho geschmass.

--Cornischong 02:40, 1 Feb 2005 (UTC)

Topert um Wierk[Quelltext änneren]

Et kunnt een sech denken, dass och d'Cretinën sech duech deen Artikel hei ugezu fillen. W.e.gl. op d'viirescht Versioun zerécksetzen an den Topert (217.227.222.181 ) spären - gär méi laang wéi just 24 Stonnen.

Zinneke 08:47, 11 Feb 2005 (UTC)

Dee Mataarbechter kënnt aus dem Telekom-Netz. An der däitscher Wikipedia hu sech d'"217er" schon e "gudde" Numm gemaach; dat ass bei deene schon e Begrëff. --Cornischong 10:19, 11 Feb 2005 (UTC)