Domingos Simões Pereira
| Domingos Simões Pereira | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 20. Oktober 1963 |
| Nationalitéit | Guinea-Bissau |
| Educatioun | Universidade Católica Portuguesa |
| Aktivitéit | Politiker, Bauingenieur, Minister |
| Partei | Partido Africano da Independência da Guiné e Cabo Verde |
| Fonctioun | Premierminister vu Guinea-Bissau |
|
| |
Den Domingos Simões Pereira, gebuer den 20. Oktober 1963 zu Farim, ass e Politiker aus Guinea-Bissau. Hien ass zënter 2014 President vum Partido Africano da Independência da Guiné e Cabo Verde, der historescher Onofhängegkeetsbeweegung am Land, a war tëscht 2014 an 2015 Premierminister.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Den Domingos Simões Pereira ass en Zivil- an Industrieingenieur an huet zu Odessa, an der deemoleger Sowjetunioun, an a Kalifornien studéiert.[1]
Vun 2002 bis 2003 war hie Minister fir Sozialekipementer a vun 2004 bis 2005 Bauteminister vu Guinea-Bissau. Vun 2006 bis 2014 war hien dem Premierminister säi Conseiller fir Infrastruktur, éier hien tëscht dem 3. Juli 2014 an dem 20. August 2015 selwer Premier gouf.[1]
Vun 2008 bis 2012 war hien Exekutivsekretär vun der Communautéit vun de portugiseschsproochege Länner (CPLP) an tëscht September 2006 a September 2008 Generalsekretär vun der Caritas Guinea-Bissau.[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Domingos Simões Pereira – Biller, Videoen oder Audiodateien |
