Dominique Zimmer
Ausgesinn
Dominique Zimmer | |
---|---|
Gebuer | 17. Juli 1753 |
Gestuerwen | 5. Juli 1825 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Den Dominique Zimmer, gebuer de 17. Juli 1753 zu Iechternach, an do gestuerwen de 5. Juli 1825, war e lëtzebuergeschen Händler a Gemengepolitiker.[1]
Hie war de Fils vum Jean Pierre Zimmer an der Marie Madeleine Campill. Hie war bestuet mat der Catherine Funck an huet an der "rue Haut-Ruisseau" (Iewescht Baach), Nr. 434, gewunnt.[1]
Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 9. Januar 1798[2] bis den 30. Abrëll 1798, vum 9. Januar 1820[2] bis de 7. Januar 1821, a vum 2. Januar 1823[2] bis den 13. Abrëll 1824.[1]