Don Kosake Chouer Serge Jaroff

Vu Wikipedia
De Serge Jaroff

Den Don-Kosake-Chouer Serge Jaroff gouf 1920 vum Serge Jaroff (1896-1985) gegrënnt.

De Jaroff hat säi Chouer zesummegesat aus Don-Kosaken, déi am Exil gelieft hunn. De Männerchouer, dee besonnesch an Europa an an den USA opgetrueden ass, hat e Repertoire vu russescher Volleksmusek.

Den 20. Mäerz 1979, um Jaroff sengem 83. Gebuertsdag, huet säi Chouer de leschte Concert zu Paräis ginn a gouf opgeléist. De 5. Oktober 1985 stierft de Serge Jaroff zu Lakewood am New Jersey (USA).

Dem Jaroff säi Chouer war dee bekanntsten, mä nach laang net deen eenzege Kosake-Chouer.

Aner Don-Kosake-Chéier[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]