Donna Summer
Donna Summer | |
---|---|
Gebuertsnumm | LaDonna Adrian Gaines |
Gebuer |
31. Dezember 1948 Boston |
Gestuerwen |
17. Mee 2012 Naples |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Sänger, Lidderschreiwer, Komponist, Discographesche Kënschtler, Museker, Schauspiller |
Famill | |
Kanner | Brooklyn Sudano, Amanda Sudano |
D'Donna Summer, gebuer den 31. Dezember 1948 zu Boston, Massachusetts a gestuerwen de 17. Mee 2012 a Florida, fir richteg LaDonna Adrian Gaines[1] war eng US-amerikanesch Sängerin a Lidderautuer.
D'Donna Summer ass virun allem bekannt fir hir Disco-Pop-Lidder (Enn 1970er, uganks 1980er Joren). Zesumme mat de Produzenten Giorgio Moroder a Pete Bellotte huet si de sougenannte „Munich-Disco“-Stil entwéckelt. Zu hire bekanntste Succèse gehéieren I'd love to love you baby (1975; méi gekeimt wéi gesongen), Hot stuff, On the radio, She works hard for the money, Bad girls an I feel love (1977, e Virleefer vun der Technomusek). Weltwäit huet si eng geschaten 130 Millioune Schallplacke verkaaft[2].
Am Ufank vun hirer Carrière huet si an Europa gelieft, wuer se hikomm war, fir beim Musical Hair matzemaachen, an huet do virun allem an Däitschland gelieft,[3]. Si war och vun 1972-1974 Member vun der Grupp Family Tree, bei där och d'Monique Melsen dobäi war. 1976 ass si hannescht an d'USA geplënnert.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]Albumen
[änneren | Quelltext änneren]- 1974 Lady of the Night
- 1975 Love to Love You Baby
- 1976 A Love Trilogy
- 1977 Four Seasons of Love
- 1977 I Remember Yesterday
- 1977 Once Upon a Time
- 1978 Live and More
- 1979 Bad Girls
- 1980 The Wanderer
- 1982 Donna Summer
- 1983 She Works Hard for the Money
- 1984 Cats without Claws
- 1987 All Systems Go
- 1989 Another Place and Time
- 1991 Mistaken Identity
- 1984 Christmas Spirit
- 1996 I'm a Rainbow
- 1999 VH1 presents Donna Summer: Live & More Encore!
- 2008 Crayons
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Donna Summer, Marc Eliot: Ordinary Girl - The Journey; New York (U.S.A.): Villard, 2003 (Autobiographie).
- ↑ Biographie bei William Morris Endeavor Entertainment.
- ↑ Abendzeitung vom 30. Dezember 2008: Donna Summer: Wilde Jahre an der Isar Archivéiert de(n) 05.10.2009. Gekuckt de(n) 24.05.2012.