Donna Wilkes

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Donna Wilkes
Gebuertsnumm Donna Consuelos Wilkes
Gebuer 11. November 1959
Manhattan
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

D'Donna Consuelos Wilkes, gebuer den 11. November 1959 zu New York City[1], ass eng US-amerikanesch Schauspillerin, déi hir Filmaktivitéit 1978 ugefaangen huet. Den Haaptdeel vun hirer Carrière a Filmer an an der Televisioun war an den 1980er Joren[2].

Si ass d'Duechter vun engem Dokter a vun enger Night-Club-Sängerin. Si hat meeschtendeels Niewerollen an Tëleesserien, a bei den Tëleesrolle war d'Wilkes bekannt mat der provokanter Roll als Pamela Plentiss an Days of Our Lives[1]. Ausser den Televisiounrolle gouf d'Donna Wilkes mat der Roll als Jackie Peters am Horrorfilm Jaws 2 (1978)[3], an och mat der Haaptroll als Molly "Angel" Steward am Film Angel (1984) bekannt[1],[4].

D'Wilkes huet 1989-91 mat der Schauspillerei opgehalen, an den 2010er Joren huet si dunn awer kuerz e Comeback an Horrorfilmer gestart[3].

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 https://people.com/archive/shes-no-angel-in-her-new-movie-but-for-donna-wilkes-being-the-star-is-heavenly-vol-21-no-11/
  2. Fiche op IMDb (en)
  3. 3,0 3,1 https://www.horrorsociety.com/2014/08/26/now-donna-wilkes/
  4. https://www.nytimes.com/1984/01/13/movies/film-angel-in-school-and-outside-the-law.html