Dragée

Vu Wikipedia
E Säckelchen Dragéeën.

Eng Dragée ass eng Séissegkeet, bei där e "Kär" mat haardem glaséierten Zocker iwwerzunn ass.

De "Kär" ass eng Mandel oder Schockela.

Dragéeë ginn dem Brauch no bei Familljefester ausgedeelt, besonnesch bei Gebuerten, resp. Dafen, Kommiounen oder Hochzäiten.