Dragqueen
Eng Dragqueen ass e Mann, dee sech wéi eng Fra undeet a behëlt, fir aner Leit z'ënnerhalen. Dëst ass eng Aart Travestie bei där déi weiblech Charakteristike wéi zum Beispill de Make-Up iwwerdriwwen oder karikatural duergestallt ginn, fir e witzegen, dramateschen oder satireschen Effekt ervirzeruffen.
Vill Dragqueene si schwul, mä dat ass net bei allen de Fall. Fir déi meescht Dragqueene sinn hir Optrëtter, ënner anerem als Sängerin, Dänzerin oder a Cabareten, eng Aart vu Konscht.
Berüümt Dragqueenen[änneren | Quelltext änneren]
RuPaul (USA)
Olivia Jones (Däitschland)
DQ (Dänemark)