Drosëtz

Vu Wikipedia
Eng englesch Drosëtz (spéit 18. Joerhonnert) zu Eaton Hall

Eng[1] Drosëtz ass en Transportmëttel dat aus enger Kabinn mat Staange besteet an dat vu Leit gedroe gëtt.

Am Géigesaz zu de Litièrë vun de Réimer oder aus dem Mëttelalter wou d'Persoun sech leeë konnt, erlaabt d'Drosëtz dem Passagéier am Sëtzen ze reesen a limitéiert d'Zuel vun den Dréier.

Et ass e maniabelt Transportmëttel dat vu sougenannte bessere Leit an Europa tëscht dem 16. an 18. Joerhonnert benotzt gouf.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch, Lemma "Drosëtz", Gearchiveerd op 2022-01-26. Gekuckt de(n) 2014-03-16.