Drénkwaasser
Drénkwaasser ass Waasser dat verschidde Charakteristike muss erfëllen, fir datt et vum Mënsch gedronk oder fir Preparatioune vu Liewensmëttel ka gebraucht ginn.
Qualitéit vum Drénkwaasser
[änneren | Quelltext änneren]Drénkwaasser ass eent vun deenen am schäerfste kontrolléierte Liewensmëttel iwwerhaapt. Dobäi muss et follgend Eegenschaften erfëlle fir datt et kann zougelooss ginn:
- gerochs- a geschmaachsneutral,
- faarflos,
- fräi vu Mikroorganismen an anere Krankheetserreeger,
- fräi vu Gëftstoffer,
- allgemeng net gesondheetsschiedlech,
- mat enger Mindestkonzentratioun vu Mineralstoffer.
Fir dës Ziler z'erreechen ass eng Desinfektioun vum Drénkwaasser méiglech an erlaabt. Eng hygienesch Waasserversuergung ass e wichtege Bäitrag zur allgemenger Gesondheet an zur Preventioun vun Epidemien. Zu Lëtzebuerg gëtt d'Drénkwaasserversuergung vun de Waassersyndikater vun de Gemengen assuréiert, vun deenen de SEBES mam Stauséi Uewersauer dee gréissten ass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Waasserwirtschaft zu Lëtzebuerg.
Trotz dëse Moossname kann et zu Fäll vu verknaschtem Drénkwaasser kommen, wéi z. B. wann d'Waasser eng laang an engem Rouer staut, woubäi et zu enger massiver Bildung vu geféierleche Mikroorganisme komme kann.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Drénkwaasser – Biller, Videoen oder Audiodateien |