Duel (Film 1971)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Informatiounen

Film
Originaltitel: Duel
Produktiounsland: USA
Première: 1971
Dauer: 90 Minutten
Originalsprooch: Englesch
Equipe
Regie: Steven Spielberg
Dréibuch: Richard Matheson
Fotografie: Jack A. Marta
Format: Faarweg
1,33:1 - 16 mm
Schnëtt: Frank Morriss
Musek: Billy Goldenberg
Dekoren: Robert S. Smith
Produzent: George Eckstein
Universal Television
Acteuren: Dennis Weaver als David Mann
Jacqueline Scott als Mrs. Mann
Lou Frizzell als Buschauffer
Eddie Firestone als Wiert
Filmportal - Filmer no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Duel ass en US-amerikanesche Film vum Steven Spielberg aus dem Joer 1971 no enger Geschicht vum Richard Matheson.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den David Mann ass mat sengem Auto op engem Highway a Kalifornien ënnerwee. Virun him daucht e schwéieren Tankwon op dee stënterlech bremst an ëmmer méi lues fiert. Wéi hien de Camion well iwwerhuelen, verspäert deen him de Wee a léisst en net laanscht. No e puer Versich geléngt et him endlech laanscht de Camion ze kommen, awer du fänkt de Camion un, Juegd op hien ze maachen...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Duell gouf als TV-Film fir den US-amerikanesche Sender ABC op 16 mm gedréint. Wéinst dem groussen Erfolleg gouf déi éischt Versioun vu 74 Minutte mat nogedréinten Zeenen op 90 Minutte verlängert a koum dunn och an d'Kinoen.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

De Camion e Peterbilt 281 an den Auto e roude Plymouth Valiant aus dem Film