Duma

Vu Wikipedia

Eng Duma (Russesch: Ду́ма) ass am wäite Sënn eng representativ Assemblée a Russland: ënner dem Zar Nikolai II. war et eng Zort Regierungsrot, virdru war et e Conseil vu fréieren Herrscher (Boyar Duma), an am russesche Keeserräich gouf de Begrëff och fir de Gemengerot vu Stied gebraucht. Am moderne Sënn ass meeschtens d'Staatsduma gemengt, d. h. dat Ënnescht Haus vum Parlament.

Staatsduma[änneren | Quelltext änneren]

D'Staatsduma (Russ.: Государственная дума, Gosudarstwennaya Duma, dacks: Госдума, Gosduma ofgekierzt) ass déi Ënnescht Chamber vun der Federaler Assemblée vu Russland (deemno dem Parlament). Iewescht Chamber ass de Federatiounsconseil vu Russland. Der russescher Verfassung vun 1993 no gëtt et 450 Deputéiert an der Staatsduma (Artikel 95), déi op 4 Joer gewielt ginn (Artikel 96). 2008 gouf hiert Mandat ëm ee Joer op 5 Joer verlängert. Bei de Wale vun 1993, 1995, 1999 an 2003 gouf d'Hallschent vun den Deputéiert nom System vun der proportioneller Representatioun gewielt, déi aner Hallschent duerch e Majorzsystem an Distrikter, wou et een Deputéierte gëtt. Zanter 2007 ginn all 450 Deputéiert nom Proporzsystem gewielt. Fir an d'Duma gewielt ze ginn, muss ee russesche Staatsbierger sinn an op d'mannst 21 Joer hunn (Artikel 97).