Duma Boko
Duma Boko | |
---|---|
Gebuer |
31. Dezember 1969 Mahalapye |
Nationalitéit | Botswana |
Educatioun | Harvard Law School |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Bestuet mat | Kaone Mokganedi |
Den Duma Gideon Boko, gebuer de 6. Mäerz 1969 zu Mahalapye, ass e botswanesche Politiker (Umbrella for Democratic Change, Botswana National Front). Hien ass zanter dem 1. November 2024 Staatspresident vum Botswana.[1]
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]1987 ass den Duma Boko op d'University of Botswana (UB) gaange fir Droit ze studéieren, an huet dee Studium mat engem LL.B. ofgeschloss.[2] Dono huet hien zu Stockholm en Diplom an Human Rights and Humanitarian Law an e Master of Law op der Universitéit Lund gemaach. 1993 gouf hien als Affekot im Barreau ageschriwwen, huet awer vun 1993 bis 2003 als Lecturer fir Droit op der UB geschafft.[2] Dono, vun 2003 bis 2008, hat hien en Affekotecabinet.[2]
2010 gouf de Boko President vun der oppositioneller Botswana National Front (BNF). 2012 huet d'BNF sech mat aneren zum Umbrella for Democratic Change (UDC) zesummegeschloss, an hie gouf President dovunner. Den UDC krut 2014 bei de Parlamentswalen 17 vun de 57 Sëtzer. Hie gouf Oppositiounsleader an ass 2019 op en Neits fir d'UDC ugetrueden. Hien huet säi Sëtz verluer, an domat och säi Posten als Oppositiounsleader,
Bei de Presidentewalen 2024 ass hien nees als Kandidat vum UDC ugetrueden, gouf dës Kéier gewielt an den 1. November 2024 zum neie President vu Botswana vereedegt.
Hien ass zanter 2015 mat der Kaone Mokganedi bestuet. Si hunn zesummen ee Jong.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Duma Boko. udc.org.bw
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Duma Boko sworn in as Botswana's 6th president." Xinhua, 2. November 2024.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Duma Boko. udc.org.bw, nogekuckt 22.10.2019.
- ↑ Chippa Legodimo: Boko’s simple wedding. mmegi.bw vom 16.03.2015.