EM Lyon Business School

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'EM Lyon Business School ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, Lyon, Saint-Étienne, Casablanca[1] a Shanghai.

Si gouf 1872 gegrënnt. 2014 gouf d'EM Lyon am Ranking vun der Financial Times ënner déi 14 bescht European Business Schools gewielt[2]. Den Executive MBA vun der EM Lyon beleet am internationale Ranking vun der Zeitung déi 68. Plaz[3]. Der Schoul hiren MEB (Master in European Business) ass ähnlech wéi e Vollzäit-MBA mä zeechent sech duerch eng interkulturell Approche aus. D'EM Lyon huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmer a spezifesche Managementgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vun der EM Lyon sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB.

Méi wéi 26.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de Jean-Pascal Tricoire (PDG Schneider Electric), de Bernard Fornas (PDG Cartier International), den César Girod (PDG Pernod), den Stéphane Bern (franséische Journalist) an de Philippe Marcel (PDG Adecco France).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. EM Lyon s’installe à Casablanca
  2. European Business School Rankings 2014
  3. Six Executive MBA français en bonne position dans le classement mondial du Financial Times