Eartha Kitt

Vu Wikipedia
Eartha Kitt
Gebuertsnumm Eartha Mae Keith
Gebuer 17. Januar 1927
Gestuerwen 25. Dezember 2008
New York
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Lycée Français vu Los Angeles
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Museker, Dänzer, Synchronspriecher, Komiker, Discographesche Kënschtler
D'Eartha Kitt 1952

D'Eartha Mae Kitt, gebuer de 17. Januar 1927 als Eartha Mae Keith zu North, a gestuerwen de 25. Dezember 2008 zu New York City, war eng US-amerikanesch Schauspillerin an Jazz-Sängerin.

Si huet fir Theater, Film an Televisioun gespillt. An iwwer 30 Filmer huet se matgespillt. Bekannt war se beim breede Publikum an den 1960er Jore fir hir Roll als Catwoman an der Tëleesserie Batman. Als Sängerin hat se mat Santa Baby, engem Chrëschtdagslidd, 1952 en Hit, aner Succèse waren Let's Do It,, Just an Old Fashioned Girl, Monotonous, Love for Sale, I'd Rather Be Burned as a Witch, Uska Dara, Mink, Schmink an Under the Bridges of Paris.

1968 huet si bei enger Invitatioun am Wäissen Haus d'Fra vum amerikanesche President Lyndon B. Johnson, d'Lady Bird Johnson, mat kritesche Commentairen iwwer de Vietnamkrich un d'Kräische bruecht, wat als Brüskéierung ugesi gouf an als Konsequenz hat, datt se 10 Joer laang keen Engagement méi an den USA krut. Si huet déi Zäit an Europa gelieft.

An den 1980er an 1990er Joren ass si ë. a. a Musicalen a Cabareten opgetrueden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eartha Kitt – Biller, Videoen oder Audiodateien