Edge-On-Galaxie

Vu Wikipedia
D'Sombrero-Galaxie (Messier 104)

Eng Spiralgalaxie gëtt als Edge-on bezeechent, wa si eng héich Schréilag opweist (Inklinatioun, am Extremfall 90°) an dofir „vun der Säit“ gesi gëtt. Astronome kënne bei Edge-On-Galaxien zwar d'Spiralmorphologie net oder nëmmen ageschränkt studéieren, dofir ass awer d'Bestëmmung vu Rotatiounsbéi méiglech. De Géigendeel vun Edge-On-Galaxië si Face-On-Galaxien, déi ee vun uewe ka gesinn.

E spezielle Fall vun enger Galaxie, déi edge-on erschéngt, ass d'Mëllechstrooss. Wéinst der Äerdpositioun no beim galaktesche Plang erschéngt d'Galaxie an der Säitenusiicht als hellt Band. Well d'Äerd en Deel vun der Mëllechstrooss ass, erstreckt sech dëst Band iwwer de ganzen Himmel.

Beispiller fir Edge-On-Galaxien[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie