Edmund Leopold de Rothschild

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Edmund Leopold de Rothschild, CBE, TD, gebuer den 2. Januar 1916, a gestuerwen de 17. Januar 2009 war en englesche Finanzmann aus der prominenter Rothschild Bankiersfamill vun England.

Am Zweete Weltkrich war hien an der britescher Arméi, wou hie Kapitän an der jiddescher Infantriesbrigade war.[1]. Nom Krich huet hie Carrière am Bankwiese gemaach, fir d'éischt als Partner an duerno als President vun der Investmentbank NM Rothschild & Sons.

Den « Eddy » de Rothschild hat e Studium zu Cambridge gemaach. Hie war den eelste Bouf vum Lionel de Rothschild an e Kandskand vum Nathan Mayer Rothschild, deen den engleschen Aascht vun der Rothschild-Famill am Ufank vum 19. Joerhonnert gegrënnt hat.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Necrologie Daily Telegraph