Edward Kasner

Vu Wikipedia
Edward Kasner
Gebuer 2. Abrëll 1878
New York
Gestuerwen 7. Januar 1955
New York
Nationalitéit USA
Educatioun Columbia University,
City College of New York
Aktivitéit Mathematiker, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Association for the Advancement of Science

Den Edward Kasner, gebuer 1878 zu New York, a gestuerwen den 1. Juli 1955, och do, war en US-amerikanesche Mathematiker, dee virun allem fir seng Roll bei der Erfindung vum Wuert "googol" bekannt ass.

De Kasner huet op der Columbia University beim Professer Cassius Keyser studéiert. 1899 huet e säin Dokter gemaach mat der Aarbecht "D'Invariantentheorie vun der Inversiounsgrupp" (orig. The Invariant Theory of the Inversion Group).

Enn der 1930er Jore wollt en e grëffegen Numm fanne fir eng Zuel mat honnert Nullen (10100), a sou den Intressi vun de Kanner fir d'Mathematik e wéineg opstëppelen. Hien huet déi Aufgab u säi klengen Neveu vun néng Joer iwwerdroen, dee spontan d'Wuert "googol" erfonnt huet.