Edward Tyer
Ausgesinn
| Edward Tyer | |
|---|---|
| Gebuer | 6. Februar 1830 |
| Gestuerwen | 25. Dezember 1912 |
| Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
| Aktivitéit | Ingenieur |
|
| |
Den Edward Tyer, gebuer 6. Februar 1830 zu Kennington, a gestuerwen de 25. Dezember 1912, war en engleschen Ingenieur a Constructeur vu mechaneschem an elektreschem Signalisatiounsmaterial an Astronom.[1]
Dozou hunn z. B. d'Tyersignaler gehéiert déi a Frankräich d'Eisebunnsstrecke vun der Compagnie de l'Est a vum PLM ekipéiert hunn, souwéi och Tyer-Stellwierker déi op de Strecke vun der Compagnie du Nord gebraucht goufen.
