Edy Dublin

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Edy Dublin oder Edouard Dublin gebuer den 9. Februar 1943 zu Éimereng ass ee fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Hien huet eréischt mat 17 Joer ugefaange Foussball ze spillen, bei der US Munneref. Hien huet bis 1967 bei der US Munneref gespillt. Mat sengem méi ale Brudder Marcel, a mat sengem Cousin Jos huet hie Munneref bis an d'Nationaldivisioun geféiert. Den deemolege Nationaltrainer Robert Heinz ass op en opmierksam ginn, a sou huet den Edy Dublin de 27. Mee 1965 säin éischte Match fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe géint Norwegen gespillt, wou en och e Gol geschoss huet (de Match ass dunn awer 2:4 verluer gaangen). Bis den 10. Mäerz 1970 huet den Edy Dublin an 28 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe 3 Goler geschoss.[2]

No der Saison 1967/68 huet hie seng Profiscarrière beim neigegrënnten AS Nancy-Lorraine, wou e bis 1971 gespillt huet. 1970 ass den AS Nancy an déi éischt franséisch Liga opgestigen. Hie war vun 1971 bis 1973 beim FC Mulhouse an du bis 1977 beim RS Besançon. An der Saison 1977/78 war hien nees zréck zu Lëtzebuerg bei der Spora Lëtzebuer an duerno bis 1981 bei der Aris Bouneweg.[3]

Den Edy Dublin wunnt zu Réimech, ass bestuet an huet zwee Bouwen déi och Foussball spillen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Eddy Dublin op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Edy Dublin op der Websäit vun European Football
  3. Den Edy Dublin op der Websäit vun National Football Teams