Eekel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Eekel ass en Empfanne vun enger staarker Aversioun an engem Widdermutt géintiwwer Objeten a Substanze wéi Iessen, Kierperflëssegkeeten, Gerécher, Exkrementer, organescher Matière, déi sech zersetzt, Behuele vun anere Leit an de Leit selwer.

Den Eekel ka sech ausdrécken an der Form vu Gierksen, Iwwelzegkeet, Schweessausbréch, Bluttdrocksännerungen oder souguer enger Schwächt.

Wëssenschaftlech gëtt den Eekel majoritär fir eng Emotioun gehalen, well en net ugebuer wier, mä sech duerch verschidde Sozialisatiounsphasen etnwéckelt hätt.

Interpersonellen Eekel[änneren | Quelltext änneren]

Den Eekel ka sech och géintiwwer Persounen, eenzele Kierperdeeler vun hinnen, hirem Otem, hirem Kierpergeroch oder einfach hirer Kierpertemperatur ausdrécken.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Winfried Menninghaus: Ekel. Theorie und Geschichte einer starken Empfindung, 1999

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Disgust – Biller, Videoen oder Audiodateien