Eess

Vu Wikipedia
"Zeideg" wäiss Eess um Bak, nieft villen Hautréidungen
Schwaarz Eessen op der Nues

Eng Eess, och nach Mateesser genannt, ass eng krankhaft primär Hautverännerung am Kader vun enger Akne. Duerch eng iwwerméisseg Verhornung vun der Haut oder duerch eng iwwerméisseg Talg-Produktioun kann de Kanal vun engem Talgdrüsefollikel verstoppen, wouduerch den Talg ufänkt sech ze stauen an den Tissu ronderëm platze kann.

Da bilt sech an der Haut eng rout Plaz oder, wa Bakteerien déi op der Haut liewen oder duerch Schmierinfektioun dohikoumen an déi Hautbucht erakommen, eng Entzündung mat Eeter.

Absënns bei "wäissen zouenen Eessen", déi e wäisselzegen Talg-Horn-Stopp hunn deen de Follikelausgank komplett verschléisst, ass sou eng Entzündungsbereetschaft héich. Et gëtt donieft awer och manner empfindlech "schwaarz oppen Eessen", deenen hiren Horn-Lipid-Stopp duerch den an den Hornlamellen agelagerten oxidéierte Faarfstoff Melanin donkel gefierft ass, awer de Follikelausgank net komplett verschléisst.

Ursaachen[änneren | Quelltext änneren]

Déi beschriwwen Erhéijung vun der Talgproduktioun kann op hormonell oder psychesch Faktoren zeréckgoen. E fettegen oder ze staark verhornten Hauttyp begënschtegt och d'Entstoe vun Eessen.

Eng gutt Prophylax sinn dowéinst eng konsequent Hautrengegung a Peeling.

Behandlung[änneren | Quelltext änneren]

Vill Hautdoktere warnen, et sollt een Eessen net einfach ausdrécken, well doduerch déi uganks net onbedéngt entzünt Hautréidunge mat Bakteerien infizéiert kënne ginn, respektiv Bakteerien déi schonn am Stopp dra si méi déif an d'Haut eragedréckt ginn, wat en Abszess als Konsequenz kann hunn, dee wann en am Beräich vun der Nues oder den Aen optrëtt souguer zu enger Bluttvergëftung féiere kann.

Déi am Handel ugebuede "Clear-Up-Strips", déi wéi eng Plooschter op d'Haut gepecht ginn a beim Erofzéien d'Stëpp léise sollen, sinn och net ze recommandéieren. En Test vun der Zäitschrëft Öko-Test aus dem Joer 1999 huet erginn, datt déi meescht net mol sou effikass si wéi en einfache Peeling, an déi deelweis dran enthale Wierkstoffer och net onbedéngt onbedenklech sinn.

Besser dogéint si Preparater mat Adapalen (wat Tretinoin ofléisst) oder Benzoylperoxid, déi fir besonnesch entzündlech Forme souguer mat baussenzegen Antibiotika wéi Erythromycin oder Clindamycin gemëscht sinn.

Et kann een donieft nach Salicylsaier gebrauchen, wat d'Poren opmécht, oder Preparater mat Zénkoxid, déi Ofwier- an Heelungsprozesser op den entzünte Plazen op der Haut aktivéieren.

Am effektivste si meeschtens professionell Behandlunge vun Dermatologen oder Kosmeetiker, woubäi déi verstoppt Talgdrüsefollikel mat enger Huelnol opgemaach ginn, soudatt d'Eesse vu kierpereegene Friesszellen ofgebaut kënne ginn.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

An der Fachsprooch gi Mateesser als Komedo bezeechent (Méizuel Komedones), vum laténgesche "comedere" - iessen, verzieren. Dëst verweist op e bis an d'19. Joerhonnert verbreeten Awerglawen, datt ë. a. déi Hautproblemer op Parasiten oder Mueden zeréckzeféiere wieren, déi sech am Kierper festsaugen a vu Kierpersekreete liewen. Dohier kënnt och d'Riedensaart "engem de Wiermchen zéien".