Eisebunnsnetz Elsass-Loutrengen

Vu Wikipedia
Kaart vum Eisebunnsnetz mat de Strecke vum Wëllem zu Lëtzebuerg

D'Eisebunnsnetz Elsass-Loutrengen sinn déi Eisebunnsstrecken am Elsass an am Museldepartement déi um Enn vum Éischte Weltkrich nees u Frankräich gefall sinn. Se goufe vun enger Staatsverwaltung der Administration des chemins de fer d'Alsace et de Lorraine vum 19. Juni 1919 bis den 1. Januar 1938, wéi s'un d'SNCF gannge sinn, geréiert.

D'Eisebunnsnetz war tëscht 1871 an 1918 vun der Keeserlecher Generaldirektioun vun den Eisebunnen an Elsass-Loutrengen verbessert an deelweis neigebaut ginn.

D'Netz hat deemno bis et nees u Frankräich goung all d'Charakteristike vun den däitschen Eisebunnen, wovun d'Fueren um rietse Gleis nach bis haut an den dräi betraffenen Departementer, Haut-Rhin, Bas-Rhin a Moselle gëllt.

Dat huet mat sech bruecht dat op de Grenzgare wéi z. B. bei der Gare vu Pagny-sur-Moselle, Hammelspréng installéiert goufen, fir kënne kräizungsfräi vum lénksen op dat rietst Gleis kënnen ze fueren.