Eisebunnsstreck Laluque - Tartas

Vu Wikipedia
Lénks d'Ofzweigung vun der Streck an der Gare Laluque-Midi

D'Eisebunnsstreck Laluque - Tartas ass eng ronn 14 km laang Eisebunnslinn tëscht der Gare Laluque-Midi[1] an där vun Tartas.

Et ass déi eenzeg Streck vun de Voies ferrés des Landes déi bis haut iwwerlieft huet.

D'Streck gouf tëscht dem 24. Abrëll 1879[2] am 27. Oktober 1890[3] vun der Eisebunnsgesellschaft Chemin de fer d'Intérêt local des Landes (CFIL), gebaut. Déi genee Längt war 13.577,30 m.

1916 gouf d'Streck vun der Société anonyme des Voies Ferrées des Landes iwwerholl. De 15. Mee 1939 gouf de Persounentransport ofgeschaaft, allerdéngs dat Joer drop am Juni nees agefouert. Dat blouf dunn och sou bis de 27. Abrëll 1950.

Am November 1994 goufen déi lescht 264 m tëscht der Gare vun Tartas an der Pabeierfabréck Tembec, grad sou wéi d'Gare an d'Quaien ewechgerappt, an et goufe Wunnengen do gebaut.

Zanter 1998 ginn déi 13.113 m déi nach Rescht si vun de Voies Ferrées Locales et Industrielles (VFLI) vu Laluque-Midi bis bei d'Papeterie Tembec am Wuerentransport bedriwwen.

Uschlëss[änneren | Quelltext änneren]

An der Gare vu Laluque huet d'Streck Uschloss un d'Haaptstreck Bordeaux-Irun an hat bis 1989 Uschloss un dat Stéck vun der Streck Laluque - Saint-Girons dat nach a Betrib war d. h. bis op Laluque-Boôs. Déi zwou Niewestrecke ginn och dacks einfach zesummen als Streck Saint-Girons - Tartas ernimmt.

Zu Tartas, kuerz virum Terminus, huet d'Streck en Ofleeër bis an de Silo vun Tartas.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Gëtt Laluque-Midi genannt fir den Ënnerscheed mat der anerer Gare vu Laluque-Boôs ze maachen
  2. Datum vun der Konzessioun
  3. Datum vun der Ouverture