Gare Laluque

Vu Wikipedia
Gare Laluque
Land Frankräich
Gemeng Laluque
Adress 40465 Laluque
Koordinaten 43°49'28,85"N, 0°58'2,14"W
Gestioun an Exploitatioun
Proprietär SNCF
Bedreiwer SNCF
UIC-Code 87673129
Servicer Fret SNCF
Charakteristiken
Linnen Bordeaux - Irun
Laluque - Tartas
PK 133,755
Gleiser 2 Duerganksgleiser
12 Rangéiergleiser
Quaien 2
Héicht 62
Geschicht
Korrespondenzen


D'Gare vu Laluque dacks Laluque-Midi genannt fir se vun där vun de VLF z'ënnerscheeden ass eng SNCF-Gare op der Streck Bordeaux-Irun um PK 133,755. Se läit op enger Héicht vun 62 m.

Et ass eng kleng Marchandisëgare mat e puer Rangéiergleiser, vun där aus 1890 d'Ofzweigunge vun de Strecke Laluque - Tartas a Laluque - Saint-Girons fortgaange sinn. Vun deenen zwou ass nach just Laluque-Tartas am Fret aktiv.

Zanter dem 29. Dezember 2008 hale keng Persounenzich méi an der Gare.[1]

D'Gebai fir d'Passagéier gouf nom Krich frësch opgeriicht, well dat d'Gebai vu virdrun, bei engem Sabotageakt vun den FFI op en däitsche Munitiounszuch, mat an d'Luucht geflu war. Eng Plack op der Fassad erënnert un déi Aktioun.

Biller[änneren | Quelltext änneren]


Gare virdrun
Rion-des-Landes
Streck Bordeaux-Irun
Laluque
Gare duerno
Buglose

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. SCNF nomenclature et Gares