Eisebunnsstreck Roquefort - Lencouacq-Jourets

Vu Wikipedia
Marchandiseschapp zu Lencouacq-Bourg

D'Eisebunnsstreck Roquefort - Lencouacq-Jourets war eng Schmuelspuerbunn am Departement Landes déi vu Roquefort op Lencouacq-Jourets gefouert huet. Se war 11,527 km laang.

D'Streck déi der Compagnie des Chemins de Fer Economiques-Forestiers des Landes gehéiert huet, war an der 750 mm Spuer gebaut ginn, wat eng Ausnam war, well all déi aner Schmuelspuerstrecken an de Landes waren an der Meterspuer. Se gouf den 1. Oktober 1907 a Betrib geholl an de 7. Mee 1934 ass de leschten Zuch gefuer.

Se hat hiren Ufank nieft der Gare Roquefort-Midi duerch déi d'Streck Mont-de-Marsan - Marmande gefouert huet. De Passagéiertransport gouf deelweis zesumme mam Giddertransport ausgefouert an déi eenzeg besser Gare op der Streck war déi vun Arue an där haut d'Gemeng en Atelier huet. Déi meescht Halte ware fakultativ. Dat klengt Passagéiergebai vu Lencouacq-Bourg steet och nach mat donieft dem Marchandiseschapp mat Quai.

Op Les Jourets wou en Uschloss un eng 600 mm Industrielinn bestoung steet haut nach e Rescht vun engem Schapp an et ass nach eng Dréischeif ze gesinn.