Eleftherios Venizelos

Vu Wikipedia
Eleftherios Venizelos
Gebuer 23. August 1864
Gestuerwen 18. Mäerz 1936
Paräis
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Griicheland, Osmanescht Räich
Educatioun Universitéit vun Athen
Aktivitéit Politiker, Affekot, Schrëftsteller, Journalist, Diplomat

Den Eleftherios Venizelos (Griichesch: Ελευθέριος Κυριάκου Βενιζέλος, Elefthérios Kyriákou Venizélos), gebuer den 23. August 1864 zu Mournies op Kreta, a gestuerwen den 18. Mäerz 1936 zu Paräis, war e griichesche Politiker, deen an den éischte Joerzéngte vum 20. Joerhonnert e puermol Premierminister war, an zu deene wichtegste griichesche Politiker vun där Zäit gezielt gëtt.

De Venizelos ass op Kreta gebuer, dat deemools nach Deel vum Osmanesche Räich war. Hie war kuerz Affekot a Journalist, ier en eng politesch Carrière ageschloen huet. Hien huet sech dofir agesat, datt Kreta nees Deel vum Kinnekräich Griicheland sollt ginn (wat da schlussendlech 1913 geschouch).

Vun 1910 bis 1915 war hie Premierminister, an dann nees 1917-1920 an 1928-1932.

Wärend de Balkankricher huet Griicheland vill Territoire vu Bulgarien an der Tierkei gewonnen. De Venizelos war Adept vun der Megali Idea, engem "Grouss-Griicheland", zu deem och d'Westküst vun Anatolien, inklusiv Konstantinopel/Istanbul a Smyrna/Izmir géife gehéieren (wou zanter der Antiquitéit nach ëmmer haaptsächlech Griiche gelieft hunn). Dofir stoung hien am Éischte Weltkrich op der Säit vun den Alliéirten, fir sou seng territorial Uspréch duerchgesat ze kréien. 1918 koum et dowéinst zum Griichesch-Tierkesche Krich. Matzen am Krich koum et zu enger politescher Kris a Griicheland, duerch déi de Kinnek nees an- an de Venizelos ofgesat gouf, wouropshin en op Paräis an den Exil goung. Griicheland huet dee Krich 1922 verluer. Als Konseqzenz hu méi wéi eng Millioun Griichen Anatolien misse verloossen, an d'Territoirë goungen un d'Tierkei.

1928 bis 1932 koum de Venizelos hannescht fir nach eng Kéier Premiermininster ze ginn.

Hien zielt haut a Griicheland zu de grousse Staatsmänner; de Fluchhafe vun Athen gouf no him genannt, en ass op der griichescher 50-Cent-Mënz drop, an eng abberzuel Plazen oder Stroossen droe säin Numm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eleftherios Venizelos – Biller, Videoen oder Audiodateien