Elisabetha Hevelius

Vu Wikipedia
Elisabetha Hevelius
Gebuertsnumm Elisabeth Koopman
Gebuer 17. Januar 1647
Gdańsk
Gestuerwen 22. Dezember 1693
Gdańsk
Aktivitéit Astronom
Famill
Bestuet mat Johannes Hevelius

D'Elisabetha Catherina Koopmann Hevelius, gebuer am Joer 1647 a gestuerwen am Joer 1693, war eng däitsch Astronomin. Si war déi zweet Fra vum Béierbrauer, Astronom, Ratshär a Buergermeeschter vun Danzeg, Johannes Hevelius.

Elisabetha Koopmann huet aus enger räicher Handelsfamill an der Hansestad Danzeg gestaamt. Hiert Bestietnes mam Hevelius am Joer 1663 hat et hir erlaabt, eegenen Interessen an der Astronomie nozegoen. Déi béid hunn en Observatoire bedriwwen an hunn e Katalog mat Himmelspositioune vu 1564 Stären zesummegestallt. Nom Doud vun hirem Mann am Joer 1687 huet d'Elisabetha dee Katalog fäerdeggemaach a 1690 publizéiert.

Si gëllt als éischt Fra, där hir Leeschtungen an der Astronomie unerkannt goufen. Si gëtt och Mamm vun de Mounddiagramme genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elisabetha Hevelius – Biller, Videoen oder Audiodateien