Elmer Bernstein

Vu Wikipedia
Elmer Bernstein
Gebuer 4. Abrëll 1922
New York
Gestuerwen 18. August 2004
Ojai
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Juilliard School,
New York University
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Musekspedagog, Moler, Schauspiller, Enseignant, Pianist, Dänzer, Lidderschreiwer, Filmkomponist, Discographesche Kënschtler

Den Elmer Bernstein, gebuer de 4. Abrëll 1922 zu New York a gestuerwen den 18. August 2004 zu Ojai a Kalifornien war een US-amerikanesche Filmmusekkomponist.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Elmer Bernstein huet als Komponist vu Radio-Programmer an Dokumentarfilmer ugefaangen. 1950 ass hien op Hollywood gaangen an huet do Filmmusek geschriwwen.

Am Ganzen huet hien iwwer 200 Stécker geschriwwen. Seng bekanntst Kompositioun dierft d'Titelmelodie vum Western The Magnificent Seven sinn, déi ë. a. och jorelaang an Zigarettereklamme aus den 1970er Joren agesat gouf, fir de Western-Mythos z'ënnermolen.

Hie gouf 14-mol fir den Oscar nominéiert. Hie krut déi Belounung awer nëmmen eng Kéier, dat war 1967 fir de Musical Thoroughly Modern Millie.

Mat engem Concert an der Londoner Royal Albert Hall huet en de 14. August 2001 seng 50 Joer als Filmmusekkomponist gefeiert.

Hie war net Famill mam Leonard Bernstein.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]