Emile Wolter

Vu Wikipedia
Emile Wolter
Gebuer 13. Oktober 1853
Rulljen
Gestuerwen 19. September 1937
Nacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den Emile Wolter, gebuer den 13. Oktober 1853 zu Rulljen a gestuerwen den 19. September 1937 zu Nacher, war e lëtzebuergesche Politiker[1].

Hie war vum 5. Mäerz 1894[2] bis den 3. Februar 1903[3] Buergermeeschter vun der Gemeng Géisdref.

Hie gouf bei den Ersatzwale fir d'Chamber vum 20. Oktober 1918, nodeem den Emile Reuter an d'Regierung komm war[4], am Kanton Wolz als Deputéierten an d'Chamber gewielt an de 24. Oktober als Deputéierte vereedegt.[5] Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 gouf den Emile Wolter net zeréckgewielt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Emile Wolter am Luxemburger Wort vum 20. September 1937
  2. Memorial N°11 vun 1894 mat der Nominatioun vum Emile Wolter als Buergermeeschter vun der Gemeng Géisdref
  3. Memorial N°7 vun 1903 mat der Demissioun vum Emile Wolter als Buergermeeschter vu Géisdref
  4. Kuerz Biographie vum Emile Wolter am Luxemburger Wort vum 20. Oktober 1937
  5. Kammerverhandlungen Sitzung vom Donnerstag, den 24. Oktober 1918 am Escher Tageblatt vum 25. Oktober 1918