Op den Inhalt sprangen

Empreinte - Atelier de Gravure

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Empreinte - Atelier de Gravure
Grënnungsdatum 10.12.1994
Sëtz 276, Rue de Rollingergrund
L-2441 Lëtzebuerg
President Pierre Wagner
Sekretärin Anneke Walch
Caissière Yvonne Rodesch
Websäit https://www.atelierempreinte.org/

D'Empreinte - Atelier de Gravure ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi am Dezember 1994[1][2] vun 13 Graveure zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf, an där hiert Zil ass, verschidden traditionell Drocktechniken bekannt ze maachen an hire Memberen e gemeinschaftlechen Atelier zur Verfügung ze stellen.

D'Associatioun gouf op Initiativ vum Bo Halbirk, engem dänesche Moler a Graveur, an deemolege Chargé de Cours an der CEPA Summerakademie, souwéi vun enger Rei vu senge Schüler gegrënnt. Den Atelier ass am Centre Culturel Jean-François Boch am Rollengergronn an ass mat verschidde Presse fir Héich-, Flaach- an Déifdrock equipéiert.

Empreinte bitt Coursen a Workshoppe fir Ufänger a Fortgeschrattener an de gängege Gravurestechniken un, fleegt e reegelméissegen Austosch mat internationale Graphikerassociatiounen an empfänkt zënter 1996 auslännesch Kënschtler, fir eng "Residence d'Artiste" vun zwou Wochen an hirem Atelier. D'Wierker vun de Memberen, souwéi vun hiren Invitéen, kann ee reegelméisseg a Gruppenausstellungen zu Lëtzebuerg gesinn.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Journal Officiel du Grand-Duché de Luxembourg 3 juin 1995
  2. ënner F3284 am Handelsregëster ageschriwwen