Entwécklungsbiologie

Vu Wikipedia

D'Entwécklungsbiologie versicht d'Entwécklung vun de Liewewiese virun der Gebuert ze verstoen. Eigentlech fänkt jo alles mat enger eenzeger Zell un: eng Eezell déi mat enger Spermazell verschmolt ass. Si dréit all d'Informatioun a sech déi néideg ass, fir de ganze Kierper opzebauen. Mä wéi dat genee funktionéiert ass am Moment nach net honnertprozenteg bekannt, also firwat e bestëmmten Deel vum Embryo zu engem bestëmmten Zäitpunkt sech zum Gehier, zu engem Muskel, oder engem aneren Organ entwéckelt.

Wéinst eethesche Grënn gëtt dës Fuerschung natierlech net u mënschlechen Embryoe gemaach. Déi Embryoen déi am meeschte gebraucht ginn, aus eetheschen, techneschen a finanzielle Grënn, sinn haaptsächlech déi vum Xenop (eng Aart Fräsch), vum Hong an der Maus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Developmental biology – Biller, Videoen oder Audiodateien