Eisebunnsstreck Pronsfeld-Neierbuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Enzdallbunn)
Pronsfeld-Neierbuerg
Westäifelbunn aus Direktioun Gerolstein
0,0 Pronsfeld
Westäifelbunn an Direktioun Sankt-Vith
Pronsfeld-Waxweiler
Bierbachbréck (Bier a K116)
Bréck bei Lünebach
Bréck vun der K117
Bréck iwwer d'K118 (Euscheiderstasse)
Bréck iwwer e Bëschwee
5,4 Euscheid
8,3 Üttfeld / Lichtenbronn
Bréck vun der K145 tëscht Huf an Hölzenkopp
Bréck vun der K122 tëscht Lichtenborn an Halenbach
Bréck vum Bëschwee bei "Dreis"
14,2 Arzfeld
Bréck iwwer d'K58 bei Arzfeld
Bréck iwwer d'K142 bei Neurath
17,4 Zweifelscheid
Bréck iwwer d'Dorfstrasse zu Zweifelscheid
Weidendelltunnel (125 m)
Neierbuerger Tunnel (116 m)
25,4 Neierbuerg

D'Streck Pronsfeld-Neierbuerg och nach Enzdallstreck an Enzdallbunn genannt war eng Niewestreck vun der Westäifelbunn déi vun der Gare vu Pronsfeld fortgaangen ass a bis an d'Neierbuerg gefouert huet.

D'Streck gouf zesumme mat der Eisebunnsstreck Pronsfeld-Waxweiler de 6. Juli 1907 a Betrib geholl. Am Zweete Weltkrich goufen déi zwou sou staark beschiedegt, datt den Trafic eréischt konnt de 17. Oktober 1949 nees opgeholl ginn.

Den 1. Juni 1969 gouf mam Persounentransport opgehalen, an den 18. Mee 1989 war et och mam Giddertransport Schluss.

D'Streck war an Normalspuer (1435 mm), hat d'Streckennummer 3102 a war 25,4 km laang.

Um féieren Tracé gouf vun 2002 un, no an no eng Vëlospiste ugeluecht, déi zanter 2011 komplett godronéiert ass.

Wat haut nach ze gesinn ass[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Gebai vun der Gare vu Pronsfeld
  • Bierbachbréck iwwer d'K116
  • Bréck bei Lünebach
  • Bréck vun der K117
  • Bréck vun der K118 (Euscheiderstraasse)
  • Gare vun Üttfeld
  • Bréck vun der K145 tëscht Huf an Hölzenkopp
  • Bréck vun der K122 tëscht Lichtenborn an Halenbach
  • Eng Bréck bei Arzfeld
  • D'Vakanzegare zu Arzfeld
  • Bréck iwwer d'K142 bei Neurath
  • Eng Bréck zu Zweifelscheid
  • De Weidendelltunnel (125 m)
  • Den Neierbuerger Tunnel ënner dem Heenzebierg. (116 m)

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]