Eisebunnsstreck Pronsfeld-Waxweiler

Vu Wikipedia
Pronsfeld-Waxweiler
Westäifelbunn aus Direktioun Gerolstein
0,0 Pronsfeld
Westäifelbunn an Direktioun Sankt-Vith
Enzdallbunn
3,0 Lünebach
5,6 Kinzenburg
8,0 Prüm
8.5 Waxweiler

D'Streck Pronsfeld-Waxweiler war eng Niewestreck vun der Westäifelbunn déi vun der Gare vu Pronsfeld fortgaangen ass a bis op Waxweiler gefouert huet.

D'Streck gouf zesumme mat der Eisebunnsstreck Pronsfeld-Neierbuerg de 6. Juli 1907 a Betrib geholl. Am Zweete Weltkrich goufe se sou staark beschiedegt, soudatt den Trafic eréischt konnt de 17. Oktober 1949 nees opgeholl konnt ginn.

Den 1. Januar 1966 gouf mam Persounentransport opgehalen, an am Mee 1987 war et och mam Giddertransport Schluss.

D'Streck war an Normalspuer (1435 mm), hat d'Streckennummer 3103 a war 8,5 km laang.

Um féieren Tracé gouf 2002 eng Vëlospiste ugeluecht.

Wat haut nach ze gesinn ass[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Gebai vun der Gare zu Waxweiler
  • De Lokomotivschapp zu Waxweiler
  • D'Bréck iwwer d'Prüm zu Waxweiler
  • Stroossebréck iwwer d'Streck zu Lünebach
  • D'Gebai vun der Gare vu Pronsfeld

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]