Eptakaidekaphobie

Vu Wikipedia
D'Reih Nummer 17 feelt an engem italieenesche Fliger vun der Fluchgesellschaft Alitalia

Eptakaidekaphobie ass den Numm fir d'Angscht virun der Zuel 17, déi virun allem an Italien heefeg ass.

Et gëtt verschidden Erklärunge fir déi Angscht. Schonn de Pythagore a seng Schüler am ale Griicheland hate versicht d'Nummer 17 ze meiden. Se läit nämlech tëscht der 16 an der 18, déi als perfekt Ofbildung vun de Véierecker 4 x 4 a 3 x 6 ugesi sinn.

An der Réimerzäit stoung op de Griewer VIXI, en Anagramm fir d'réimesch Zuel XVII, wat Ech hu gelieft op laténgesch bedeit. Sou kënnt et, datt d'17 mam Doud a Verbindung bruecht ginn ass.

Deemno hunn d'Italiener keng Angscht virum Freideg, den Dräizéngten mä virum Freideg, de Siwwenzéngten.
Den Auto Renault R17 ass an Italien als R177 verkaf ginn.
Déi italieenesch Autobunn A17 ass am Joer 1973 zur A14 bäigerechent ginn. Duerno ass d'A17 awer net ersat ginn.

Etymologesch ass den Numm op dat griichescht δέκα επτά: Siwwenzéng an φοβία: Angscht zeréckzeféieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]