Equidistanz

Vu Wikipedia

Op enger Landkaart ass d'Equidistanz den Héichtenënnerscheed, also déi vertikal Distanz déi tëscht zwou Niveauskurve läit.

D'Equidistanz ass déi selwecht op der ganzer Kaart an hänkt vum Terrain of.

Op de meeschten topographesche Kaarte fir flaachen a liicht hiwwelegen Terrain ass d'Equidistanz 5, 10, 20, oder 25 m, ofhängeg vum Moossstaf vun der Kaart. Op topographesche Kaarte fir Bierggéigende kënnen et 50 oder 100 Meter sinn. Dat kënnt dohier, well sech soss op géie Plazen e puer Linne géifen iwwerschneiden, an d'Kaart doduerch net méi uerdentlech ze liese wier.

D'Equidistanz ass den Héichtenënnerscheed tëscht zwou Niveauskurven