Erg (Eenheet)
Ausgesinn
| Erg (Physikalesch Eenheet) | |
|---|---|
| Formelteechen | |
| Dimensioun | |
| System | CGS |
| SI | |
| CGS | |
| ofgeleet vun | Dyn, Zentimeter |
Den Erg ass eng Moosseenheet vum CGS-Eenheetesystem fir d'Gréissten Aarbecht, Energie a Wäermtquantitéit. D'Eenheetenzeechen ass erg.
respektiv .
Eng Energie huet d'Dimensioun
| Energie | = Kraaft • Streck |
| = Mass • Accelleratioun • Streck | |
| = Mass • (Streck)²/(Zäit)² |
an deemno am cgs-System d'Eenheet
| 1 erg | = 1 g • cm²/s² |
| = 1 dyn • cm. |
Den Erg entsprécht der aktueller gesetzlecher Eenheet Joule am SI-Eenheetesystem. En ënnerscheet sech awer ëm een Zuelefacteur (1 erg = 10−7 Joule) a gëtt heiansdo nach an der Mechanik an dacks an der Astrophysik benotzt, och wann en zanter dem 1. Januar 1978 net méi gesetzlech ass.