Escol

Vu Wikipedia
Escol Motorrad am Austellungsraum vum Musée vun der Kuelegrouf Bois du Cazier

Escol war en Atelier deen ëm 1914 vum belsche Mineningenieur Jules Escol zu Châtelet gegrënnt gouf. D'Firma war spezialiséiert an der Konstruktioun vu Wanne fir d'Kuelegrouwen. Dem Jules Escol seng zwéin eelst Bouwe ware vu Motorrieder begeeschtert an haten 1923 e Prototyp entwéckelt, deen awer ni an den Handel koum, well en ze deier war.

Vun 1926 un, hu se ugefaangen Autoen ze bauen, déi se aus Deeler, déi se bei anere Wierker kaaft hunn zesummegesat hunn. D'Chassise koumen haaptsächlech vu Paquis an d'Motore ware vu Fivet. D'Karosserië goufen no hiren eegenen Entwërf selwer gebaut. Sou goufen e puer Modeller mat engem 1.500 ccm Motor vu Fivet gebaut, déi och op Kompetitioune gefuer sinn.

1927 goufen en ettlech Modeller mat Chapuis-Dornier Motoren ekipéiert, a mat Bremsen op de véier Rieder ausstafféiert. 1929 hu se mat der Konstruktioun vun Autoen opgehalen.

Vun 1933 un hu se nees Motorrieder gebaut déi zimmlech originell ausgesinn hunn a bis 1940 gebaut goufen. Duerno huet d'Firma sech nees exklusiv mat Grouwematerial beschäftegt.