Estrigon
Ausgesinn
Den Estrigon ass eng Baach am Departement Landes an e rietsen Niewefloss vun der Midouze. E gehéiert domat zum Anzuchsgebitt vum Adour.
Laf
[änneren | Quelltext änneren]Den Estrigon huet seng Quell ëstlech vun der Uertschaft Le Sen an de Landes op enger Héicht vun 110 Meter. E leeft duerno bal de ganzen Zäit a südwestlecher Richtung fir zu Campet-et-Lamolère op enger Héicht vu 35 Meter an d'Midouze ze lafen. En ass 40,5 km laang.
Geographesch Situatioun
[änneren | Quelltext änneren]De ganze Laf vum Estrigon ass am Departement Landes, am Arrondissement Mont-de-Marsan wou en duerch d'Kantone Labrit a Mont-de-Marsan-Nord leeft.
Vun uewen no ënne gesinn, leeft en duerch d'Gemenge Le Sen, Labrit, Vert, Brocas, Cère, Uchacq-et-Parentis a Campet-et-Lamolère.