Labrit

Vu Wikipedia
Labrit
Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Wope vum Departement Landes Landes
Arrondissement Mont-de-Marsan
Kanton Haute Lande Armagnac
Postcode 40420
Gemengecode 40135
Koordinaten 44° 06’ 20’’ N
      00° 32’ 36’’ W
Fläch  7.218 ha
Bevëlkerung  874 (2010)

Labrit ass eng franséisch Gemeng am Albret landais am Departement Landes an der Regioun Nei-Aquitaine.

D'Gemeng läit an der Forêt des Landes am Parc naturel régional des Landes de Gascogne.

Hydrographie[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer den Territoire vun der Gemeng lafen den Estrigon an e puer vu sengen Niewebaache wéi de Ruisseau de Mégnot an de Bernin deen op der Lande de la Grimace seng Quell huet an dann iwwer Vert nees zeréck op d'Gemengegrenz kënnt déi do um Zesummelaf vum Estrigon gebilt gëtt.

Am Nordweste vun der Gemeng hunn de Ruisseau de Taringat an den Escamat hir Quellen.