Euphratbréck (Bagdadbunn)
Ausgesinn
Geographie | |
---|---|
Land |
Syrien Tierkei |
Plaz |
Karkamış (Tierkei) Dscharābulus (Syrien) |
Koordinaten |
36° 49’ 49’’ N 38° 01’ 29’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Eisebunnsbréck |
Féiert iwwer | Euphrat |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp |
Dunnebréck (Parker-Dunnen) |
Totallängt | 800 m |
Felder/Béi | 10 vun 80 m |
Material | Stol |
Bemierkungen | |
Opgaangen | Abrëll 1915 |
Architekt(en) Konzeptioun | Otto Riese |
D'Euphratbréck vun der Bagdadbunn (Tierkesch:Karkamış Köprüsü) ass eng eegleiseg Eisebunnsbréck vun der Bagdadbunn iwwer den Euphrat. Si verbënnt déi tierkesch Uertschaft Karkamış an déi syresch Uertschaft Dscharābulus um rietsen Uwänner mat der syrescher Uertschaft Zawr Maghar um lénksen. Si mécht, grad sou wéi e groussen Deel vun der Bagdadbunn, d'Grenz tëscht den zwee Länner.
Wéi se gebaut gouf war et déi zweetlängst Bréck am Ottomanesche Räich an an der spéiderer Tierkei no der Bréck vun Uzunköprü an Ost-Thrazien.