Adolphe Bastendorff

Vu Wikipedia
Adolphe Bastendorff
Gebuer 20. Februar 1885
Dikrech
Gestuerwen 17. Mee 1921
Gréngewald
Doudesursaach Autosaccident
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

Den Adolphe Bastendorff, gebuer als Joseph Emile Adolphe Bastendorf, den 20. Februar 1885 zu Dikrech[1] a gestuerwen am Gréngewald de 17. Mee 1921[2],[3],[4], war e lëtzebuergeschen Ingenieur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Bastendorff huet Bauingenieur zu Oochen studéiert (1909) an huet sech den 3. Oktober 1912 op de Wee an d'Osmanescht Räich gemaach fir do bei der Bagdadbunn ze schaffen. Hie war an der 3. Bausektioun tëscht Arada an Al-Darbasiyah beschäftegt. Mat senger Ekipp ass hien am Dezember 1912 bei Dscharābulus am Norde vu Syrien um Bord vum Euphrat ukomm. De Floss huet den Ingenieure vill Kappzerbrieches gemaach, well op där Plaz déi mat 850 Meter längst Bréck vun der Streck entstoe sollt.

De 13. Juli 1915 ass d'Ekipp bei Raʾs al-ʿAin / Ceylanpınar op der syresch-tierkescher Grenz ukomm, zur Zäit wéi den armeenesche Vëlkermuerd ugefaangen huet. Duerch dëse Genozid ass et mam Bau vun der Eisebunn net méi sou richteg viru gaangen, well vill Aarbechter Armeenier waren.

De Bastendorff huet déi nächst Etapp bei Derbesiye (haut: Şenyurt) am Februar 1917 erreecht, wéi den Héichpunkt vum Genozid scho längst eriwwer war. Hie war du fir d'Verleeë vun de Schinnen tëscht Tell Abyad a Raʾs al-ʿAin zoustänneg. Hien huet genee déi Streck gebaut, déi méi spéit d'Grenz tëscht Syrien an der Tierkei gouf.

Schonn am September 1915 hat de Bastendorff dem däitsche Konsul Walter Rössler zu Aleppo iwwer d'Massaker a sengem Aarbechtsberäich erzielt an hien huet den 18. Dezember 1915 op d'Demande vum Konsul en detailléierte Rapport geschriwwen. Hien hat och eng Rëtsch Foto gemaach fir d'Gräisslechkeete vum Krich ze dokumentéieren an hat déi 1916 bei engem Besuch op Lëtzebuerg matbruecht[5].

De Bastendorff ass den 19. Dezember 1919 definitiv vun Aleppo aus op Lëtzebuerg heem gefuer.

Hien ass de 17. Mee 1921 bei engem Autosaccident am Gréngewald ëm d'Liewe komm.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Als Unerkennung fir seng exzellent Leeschtunge beim Bau vun der Krichsbunn bis bei den Tigris a Mesopotamien krut de Bastendorff 1918 vum tierkesche Sultan déi osmanesch Krichsmedail „Eisenen Hallefmound“ iwwerreecht[6].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bodo Bost, Tod in der syrischen Wüste - Wo heute an der türkisch-syrischen Grenze gekämpft wird, fuhr vor einem Jahrhundert die Bagdadbahn am Luxemburger Wort vum 30. Dezember 2019, S. 8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. BASTENDORF Joseph Emile Adolphe. www.deltgen.com. Gekuckt de(n) 7 Januar 2020.
  2. Bastendorff Adolphe, ingénieur op industrie.lu, gekuckt den 1. Januar 2020
  3. Chroniques du pays an der L'Indépendance luxembourgeoise den 18. Mee 1921, S. 1, gekuckt den 1. Januar 2020
  4. Artikel iwwer den Accident vum Adolphe Bastendorf an Doudesannonce vum Adolphe Bastendorff am Luxemburger Wort vum 18. Mee 1921
  5. Lokales am Luxemburger Wort vum 20. Januar 1920, S. 2, gekuckt den 1. Januar 2020
  6. Luxemburger im Auslande an der Obermosel-Zeitung den 23. Abrëll 1918, gekuckt den 1. Januar 2020