Euploidie

Vu Wikipedia

Euploidie bezeechent an der Biologie de Fall, an deem e Liewewiesen een oder e puer Chromosomesätz méi oder manner huet.

Jee no dem Ploidiegrad vun der Diplophas geet rieds vun "triploid" (am Fall vun 3n), "tetraploid" (bei 4n) an "hexaploid" (bei 6n). Den normale Fall mat 2n gëtt Haploidie genannt. De Sammelbegrëff fir > 2n ass "polyploid".

Ofgesi vu ganz seelenen Ausnamen ass bei enger ongerueder Chromosomenzuel keng Produktioun vu Keimzellen festzestellen. Sou kënnt et, datt Triploide praktesch ëmmer steril sinn.

An der Planzewelt ass Polyploidie dacks ze fannen. Eppes iwwer en Drëttel vun alle méijärege Planze fält dorënner.

Remarkabel ass op alle Fall eng Vergréisserung vun der Zuel vun de Chromosomesätz bei Landplanzen, déi a klimatesch extreem Liewensraim awanderen, wéi arktesch Regiounen, Wüsten oder salzräich Biedem.

Bei den Déieren ass, ausser am Fall vu Parthenogenes, d'Polyploidie aussergewéinlech seelen.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Hermann Remmert: Ökologie. Ein Lehrbuch, Springer Verlag, Berlin, Heidelberg, New York, Paräis, London, Tokyo, Hong Kong.