Europeana

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Europeana ass eng Online-Bibliothéik, déi duerch eng Zesummenaarbecht tëscht den nationale Bibliothéiken, de Muséeën an den Archiver vun den 28 Memberstaate vun der Europäescher Unioun méiglech gouf.

Zil vun der Europeana ass et fir déi national Digitaliséierungsaarbechten ze koordinéieren, an op déi Manéier dolaanscht ze kommen, datt all Land méiglecherweis alles muss eleng verschaffen.

D'Koordinatioun vun der Europeanan geet vun der European Digital Library Foundation zu Den Haag aus, där hir Presidentin Dr. Dr. Elisabeth Niggemann ass, d'Generaldirektesch vun der Deutsche Nationalbibliothek vu Frankfurt am Main, Leipzig a Berlin.

Déi Verantwortlech ass déi lëtzebuergesch EU-Kommissärin Viviane Reding.

D'Europeana bitt Text-, Bild-, Video- an Audioformater un.

D'Servere stinn an der Rechenzentral vun der Universitéit Amsterdam.

Nodeem d'Europeana am November 2008 online gaangen ass, sinn hir Serveren duerch de Ustuerm vun de Leit mat e puer Milliounen Entréeën an der Stonn komplett zesummegebrach, a goufen op eng véierfach Leeschtung vergréissert. Den 23. Dezember 2008 ass d'Online-Bibliothéik nees do.

Lëtzebuerg an der Europeana[änneren | Quelltext änneren]

An enger éischter Phas huet déi Lëtzebuerger Nationalbibliothéik eng 175.000 Textsäite gestallt. Donieft sinn och d'Lëtzebuerger Nationalarchiven, de Centre national de l'audiovisuel an de Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe dru bedeelegt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]