Eusébio

Vu Wikipedia
Eusébio
Gebuertsnumm Eusebio da Silva Ferreira
Gebuer 25. Januar 1942
Maputo
Gestuerwen 5. Januar 2014
Lissabon
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 175 Zentimeter
Gewiicht 73 kg
Veräin/Ekipp SL Benfica,
Portugisesch Foussballnationalekipp

Den Eusébio da Silva Ferreira, gebuer de 5. oder 25. Januar 1942 zu Lourenço Marques am Mosambik a gestuerwen de 5. Januar 2014 zu Lissabon, war e portugisesche Foussballspiller.

Als Uspillung op seng kazenaarteg Spillweis gouf den Eusébio vum englesche Journalist Desmond Hackett "Pantera Negra" (Schwaarze Panther) genannt. Hien huet zu de golgeféierlechste Stiermer vun der Foussballgeschicht gehéiert a war dat gréisst Sportleridol vu Portugal. 15 Joer laang huet e fir Benfica Lissabon gespillt an dem Klub seng bis ewell erfollegräichst Ära geschenkt (ë. a. zéngmol Meeschter, fënnef Pokalvictoiren an eemol Gewënner vum Europapokal vun de Landesmeeschter). Mat 474 Flichtspillgoler hält e bei Benfica de Rekord.

Bei der Weltmeeschterschaft 1966 war den Eusébio mat néng Goler bei wäitem dee beschte Spiller vum Turnéier, an en huet sengem Land sou op d'mannst nach déi drëtt Plaz geséchert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eusébio – Biller, Videoen oder Audiodateien