Advanced Composition Explorer
ACE | |
---|---|
Missiounszil | L1 |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Startmass | 752 kg |
Start | 25. August 1997, 14:39 UTC |
Status | aktiv |
Den Advanced Composition Explorer, kuerz ACE, ass eng Raumsond vun der NASA, déi de 25. August 1997 gestart gouf. ACE gouf am Kader vum Explorer-Programm realiséiert an dréit dofir och den Numm Explorer 71.
Missioun
[änneren | Quelltext änneren]ACE steet fir „Advanced Composition Explorer“. Zil vun der 752 kg schwéierer Sond ass d'Analys vu solaren, interplanetaren, interstellaren a kosmesche Partikelen op der Grenz vum Äerdschwéierfeld no beim Lagrange-Punkt L1. Si gouf mat enger Delta II 7920-8 gestart an an enger Ëmlafbunn ëm L1 positionéiert, an där si warscheinlech bis ongeféier 2024 schaffe kann. Trotz Stéierunge vun engem Instrument ass d'Sond nach ëmmer aktiv.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Den ACE ass eng Raumsond mat engem aachteckegen Haaptkierper vun 1,6 m Duerchmiesser an 1 m Héicht. Véier Solarzellepaddele sinn ugebaut: op jiddwer zweeter Säit eent. Zwéi géigeniwwerleiend Paddelen droen ausserdeem un hiren Enner Stief mat Magnéitometeren. D'Solarzellepaddele si mat Silicium-Solarzelle beluecht, déi wéinst der Stralenofschiermung mat Quarz bedeckt sinn. Si sollen um Enn vun der geplangter Liewensdauer vu 5 Joer (2002) nach 440 Watt produzéieren; dat si méi wéi d'425 Watt, déi ACE maximal verbraucht. Mat ausgefuerene Solarzellepaddelen a Magnéitometer huet den ACE ronn 8,3 m Duerchmiesser. En hat e Startgewiicht vu 785 kg an 189 kg Hydrazin Dreifstoff u Bord. ACE rotéiert wéinst der Spinstabilisatioun mat 5 Ëmdréiunge pro Minutt ëm eng Achs, déi duerch den Zentrum vum Haaptkierper geet. D'Achs ass laanscht d'Linn Äerd-Sonn ausgeriicht. ACE huet zwéi Kommunikatiounssystemer, déi um S-Band schaffen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: ACE – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Advanced Composition Explorer (ACE)
- (en) Advanced Composition Explorer (ACE) Mission Overview
- (en) The Advanced Composition Explorer (PDF, 24 Säiten)