Op den Inhalt sprangen

Fändel vu Barbados

Vu Wikipedia
De Fändel vu Barbados

De Fändel vu Barbados gouf den 30. November 1966 als Symbol vum Inselstaat Barbados ugeholl, also um selwechten Dag, op deem d'Land vu Groussbritannien onofhängeg gouf.

En huet dräi vertikal Sträifen, vun deenen déi zwee baussenzeg däischterblo sinn an d'Mier an den Himmel representéieren. D'Sträif an der Mëtt ass gëllen a stellt de Sand duer. Op der Sträif an der Mëtt ass schwaarz d'Spëtzt vun engem Dräizack ofgebillt. Deen Dräizack soll de Poseidon duerstellen, deen am koloniale Wope vu Barbados ze gesinn ass. D'Tatsaach, datt e gebrach ass, soll de symbolesche Broch tëscht Barbados an der fréierer Kolonialmuecht Groussbritannien duerstellen.[1]

Fir en neie Fändel auszewielen hat d'Regierung e landeswäite Concours ausgeschriwwen, bei deem dem Konschtschoulmeeschter Grantley W. Prescod säin Entworf aus iwwer dausend Proposen als Gewënner gewielt gouf. Doropshi gouf hie vum Errol Barrow, dem éischte Premierminister vum Land, perséinlech gebieden, e puer Versioune vum éischte Fändel ze produzéieren. De Prescod huet duerno e puer där Fändele gebitzt.[2]

No der Onofhängegkeet hat Barbados och laang e kinnekleche Fändel fir d'Kinnigin Elisabeth II. an e Fändel fir de Generalgouverneur. Déi goufen awer 2021 ofgeschaaft, nodeems Barbados 2021 offiziell eng Republik gouf. Amplaz gëtt zënter 2021 de Fändel vun der Presidentin gebraucht.[3]

Aner Fändele vu Barbados

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Fändele vu Barbados – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. britannica.com: Flag of Barbados vum Whitney Smith (net datéiert, gekuckt de 24. Juni 2024)
  2. barbadospocketguide.com: Flag of Barbados (net datéiert, gekuckt de 24. Juni 2024)
  3. crwflags.com: Barbados (4. Mee 2024)