Fändel vun der Belsch

Vu Wikipedia
Fändel vun der Belsch

De Fändel vun der Belsch (op hollännesch: Vlag van België, op franséisch: Drapeau de la Belgique, op däitsch: Flagge Belgiens besteet aus dräi vertikale Sträifen an de Faarwe schwaarz, giel a rout.

Aféierung[änneren | Quelltext änneren]

De belsche Fändel gouf den 23. Januar 1831 agefouert. (Am Text als Pavillon).

Proportioun an Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Fändelen déi op de Gebaier ausgehaange ginn hunn e Verhältnes vu 26:30 (Héicht:Breet).

De Pavillon vun der Marinn huet eng Andeelung vun 2:3. Fändelen, déi am Handel u Privatleit verkaaft ginn, hunn déi selwecht Proportioune wéi de Pavillon maritime.

Vun Oktober 1831 un, sinn d'Faarwen um Fändel zu gläiche Moosse vertikal agedeelt, mat den dräi Faarwen: schwaarz, giel, rout

Faarwen[änneren | Quelltext änneren]

  • Rout: Pantone 186 c / CMYK (%) C 0 - M90 - Y 80 - K 5
  • Giel: Pantone 116 c / CMYK (%) C 0 - M 15 - Y 95 - K 0

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Faarwe vum belsche Fändel sinn am Artikel 193 vun der belscher Konstituioun festgehalen. Deen Artikel seet La Nation belge adopte les couleurs rouge, jaune et noir....

Am Fändel goufen am Ufank déi Faarwen och an där Reiefolleg sou gebraucht. Haut ass d'Reiefolleg schwaarz, giel, rout.

Déi Faarwe ware fir d'éischt am sougenannte Soulèvement de Bruxelles am Mee 1787 opkomm. Et sinn d'Faarwe vum Wope vum Brabant, de sable, au lion d'or, armé et lampassé de gueules. Den August 1787 goufen dës Faarwe verbueden. Se dauchen awer net laang duerno erëm op, an zwar am Dezember 1789 bei der Brabanter Revolutioun, déi schliisslech zur Grënnung vun den États-Belgiques-Unis gefouert huet.

A Gesetzestexter vun där Republik, déi net laang iwwerlieft huet, ass näischt iwwer de Fändel erëmzefannen. Et ass just gewosst datt op den Uniformen, Cocarden, a militäreschen Emblemen d'Faarwe vum Brabant gedroe goufen, sou hunn z. B. 1814 op der Versammlung vun de belschen Departementer d'Chevau-légers vum Grof van der Burch eng dräifaarweg Cocarde an de brabanter Faarwe gedroen.

De 26. August 1830 sinn no der Opféierung vun der Muette de Portici-Oper am Monnaie Theater zu Bréissel Onrouen ausgebrach. Iwwerall huet een d'Faarwe vum Brabant gesinn. Wéi 1789 bei der Brabanter Revolutioun, goufen déi orange Fändele vun Holland an déi franséisch Tricolore erofgerappt.

De Lucien Jottrand, Éditeur vum Courrier des Pays-Bas, soll den Ustëfter gewiescht sinn. Hien huet den Affekot Ducpétiaux ugestallt, e Fändel mat de Faarwe vum Brabant ze maachen.

Dësen huet zesumme mat engem gewësse Van Hulst Material kaaft an eng Néiesch fonnt, um Eck vun der Rue de la Colline mat der Rue du Marché aux Herbes, déi déi zwéin éischt belsche Fändelen zesummegebutt huet.

Dës Aarbecht kann een op engem Bild vum E. Vermeersch gesinn. Dat hänkt am Musée Royal de l'Armée et d'Histoire Militaire zu Bréissel. Et ass een Uelegbild op Léngen, den héije Wee 90 x 125 cm.

Vun dëse Fändelen ass deen een um Stadhaus ogehaange ginn, an deen zweete gouf vun engem Detachement vun der Biergergarde duerch d'Stroosse gedroen.

Déi éischt Fändele ware rout, giel, schwaarz, an d'Faarwe waren dem laange Wee no.

Dat éischt Dokument an deem offiziell vun den dräi Faarwe riets geet, ass e Reglement vum 30. September 1830 an deem steet: La Garde urbaine de Bruxelles continuera de porter les couleurs brabançonnes, rouge, jaune et noir. Déi belsch Tricolore ass du ganz séier an der ganzer Belsch ugeholl ginn. De 27. Oktober 1830 huet déi provisoresch Regierung en Dekreet erausginn an deem festgehale gouf: la cocarde nationale, rouge, jaune et noire, sera portée par toute l'armée.

Op eng Informatioun vun der Marinn, datt de belsche Pavillon an den engleschen Häfe respektéiert géif, huet d'Regierung den 23. Januar 1831 en Arrêté iwwer de Pavillon geholl mat dem Text: Le pavillon belge est rouge, jaune et noir. Les couleurs seront placées verticalement. D'Zeechnung déi bei deem Text war weist e Fändel dee praktesch véiereckeg ass, mat de Faarwe parallel mat der Fändelsstaang, just an der Reiefolleg schwaarz, giel, rout.

Nodeem den Nationalcongress de 7. Februar 1831 d'Konstutioun ugeholl hat, war d'Reiefolleg vun de Faarwen awer nach ëmmer déi al. Eng Instructioun vum Departement vun der Marinn vum 15. September 1831 an eng Depêche vum Inneministère gläich duerno vum 12. Oktober preziséieren datt déi schwaarz Faarf laanscht der Fändelsstaang sollt sinn. Domat war d'Reiefolleg vun de Faarwe vum Fändel um Land an op Séi gläichgeschalt. Bis 1838 gouf de Fändel an den zwou Fassongen, d. h. horizontal a vertikal, gebraucht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Flags of Belgium – Biller, Videoen oder Audiodateien