Félix Worré
Ausgesinn
Félix Worré | |
---|---|
Gebuer | 16. Februar 1908 |
Gestuerwen | 25. August 1983 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dokter |
De Félix Worré, gebuer de 16. Februar 1908, a gestuerwen de 25. August 1983, war e lëtzebuergeschen Dokter a Member vum Staatsrot.[1]
Hie gouf den 10. Juli 1961 als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bis zu senger Demissioun - hien hat d'Alterslimit erreecht - de 16. Februar 1980 bliwwen.[1]
Zu Nidderaanwen ass eng Strooss nom Félix Worré benannt.[2]
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- Grand Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1980)[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ D'Rue Dr Félix Worré op PostCodeBase.com
- ↑ Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale op der Säit 6 vum Luxemburger Wort vum 25. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Oktober 2022