Fernbach Financial Software

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) FERNBACH Financial Software)
FERNBACH Financial Software S.A.
Typ S.A.
Sëtz Mënsbech, Lëtzebuerg
Leedung Günther Fernbach
Branche Finanzsoftware
Produit FlexFinance
Homepage www.fernbach.com


Fernbach Financial Software S.A. ass eng lëtzebuergesch Software-Entreprise déi 1986 vum Günther Fernbach gegrënnt gouf, déi weltwäit operéiert an déi hiren Haaptsëtz zu Mënsbech huet. Hir Haaptaktivitéit ass d'Entwécklung vu Software fir Finanzinstituter.

Entreprise[änneren | Quelltext änneren]

Fernbach huet säi Fokus op Reportingtheme fir Finanzinstrumenter ausgeluecht. Dobäi kënnen automatiséiert Rapporte fir all Acteuren, besonnesch fir Investisseuren an Opsiichtsautoritéiten erstallt ginn. D'Entreprise huet nieft hirem Haaptsëtz zu Lëtzebuerg nach Filialen zu Frankfurt, Wien a London, souwéi ee globaalt Partnernetzwierk.[1]

All Joer gëtt Fernbach vun Chartis Research, dem Haaptubidder fir global Fuerschung an Analyse fir Risiko-Management-Technologie, am ieweschten Drëttel vun de weltwäit 100 éischte Risiko-Technologiesubidder klasséiert.[2] [3]

Produkt[änneren | Quelltext änneren]

Fernbach entwéckelt Software fir Finanzinstrumenter am Beräich Finanzwiesen, Rechnungswiesen a Compliance Management.

FlexFinance organiséiert déi ganz Periodeféierung am Rechnungswiesen an hält déi historesch Datebestänn iwwer Joren. Sämtlech Wochen-, Mounts- a Quartalsrapporte ginn archivéiert a stinn am Reporting z. B. fir historesch Trendanalysen zur Verfügung. FlexFinance ënnerstëtzt Multi-Accounting, IFRS, Zënsännerungsmanagement (ALM), Kreditrisiko am Maartrisiko, Käschterechnung, FTP, awer och gesetzlech Ufuerderunge wéi gesetzlecht Meldewiesen, Basel 2, Basel 3 an déi vun der EBA, sou wéi eng Workbench fir Modeller a Simulatiounen an eng Bibliothéik fir Key-Performance-Indicateuren (KPIs). Jiddwer Zilgrupp kritt déi KPIs, déi fir d'Steierung relevant sinn. D'Uwendung verfüügt iwwer zirka 600 virgefäerdegt Rapporten, déi mat Hëllef vun enger permanenter Upassung un déi aktuell Gesetzer, direkt kënne benotzt ginn.

Allgemeng Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Partnernetzwierk
  2. Chartis Credit Risk Management Systems for the Banking Book 2013 Gearchiveerd op 2014-09-25. Gekuckt de(n) 2014-06-30.
  3. Chartis RiskTech100 2014.